|
|
|
|---|---|
| Lëtzebuergeschen Numm | Skorpioun |
| Laténgeschen Numm | Scorpius |
| Latäin. Genitiv | Scorpii |
| Latäin. Ofkierzung | Sco |
| Rektaszensioun | 15h 47m bis 17h 59m |
| Deklinatioun | -8° 20´bis -45° 45´ |
| Fläch | 497 Quadratgrad |
| Siichtbar op de Breedegraden | 44° Nord bis 90° Süd |
| Observatiounszäitraum fir Mëtteleuropa |
Summer |
| Unzuel un Stäre mat Gréisst < 3m |
11 |
| Hellste Stär, Gréisst |
Antares (α Scorpii), 1,06m |
| Meteorstréim | |
| Nopeschstärebiller (vun Norden am Auerzäresënn) |
Ophiuchus Libra Lupus Norma Ara Corona Australis Sagittarius |
|
Kaart vum Stärebild Scorpius. Déi rout gestrichelt Linn stellt d’Ekliptik duer.
|
|
De Scorpius (laténgesch Scorpio) ass e Stärebild op der Ekliptik.
De Scorpius ass een imposant Stärebild um südleche Stärenhimmel. Déi hellste Stäre formen déi kloer erkennbar Gestalt vun engem Skorpioun mat Schéieren a Stachel.
D’Stärebild läit an der Géigend vum Zentrum vun der Mëllechstrooss an huet eng vill Stärekéip a Niwwelen.
Vun eis aus gesi steet d’Stärebild Scorpius wéinst senger südlecher Lag am Summer déif iwwert dem Horizont an ass dofir net liicht ze gesinn.
Duerch d’Stärebild zitt sech d’Ekliptik, an dofir ginn d’Sonn, den Mound an d’Planéiten duerch de Skorpioun. De Skorpioun gehéiert domat zu den Déierekreeszeechen. Wéinst der Prezessiounsbewegung vun der Äerdachs huet sech den Zäitpunkt vum Sonnenduerchgang géigeniwwer vun der Antikitéit verréckelt. D’Sonn hält sech vum 23. November bis den 30. November am Stärebild Skorpioun op.
Déi haiteg Bedeitung vum Stärebild geet op d’Griichen aus der Antikitéit zeréck. De Skorpioun gehéiert zu den 48 klassesche Stärebiller, déi scho vum Ptolemäus beschriwwe goufen.
D’Chinesen hunn am Stärebild e mächtegen, awer guttmiddegen Drach gesinn, deen d’Fréijoer ugekënnegt huet.
Och Präkolumbesch Kulturen hunn am Stärebild e Skorpioun gesinn.[1]D’Mayas hunn de Begrëff zinaan ek (Stär vum Skorpioun) gebraucht.[2] Den John Barantine vum Point Observatorium a New Mexico gesäit an enger Steerëtzzeechnung den Hohokam an Nordamerika eng Duerstellung vun der Supernova vum 1. Mee 1006 am Stärebild Skorpioun.
Duerch d’Festleeë vun der haiteger Begrenzung vun de Stärebiller, huet sech d’Konstellatioun eppes verännert. De Skorpioun huet de Stär γ (Zubenelakrab) seng südlech Schéier un d’Stärebild Libra (Wo) verluer, huet allerdéngs vum Stärebild Norma (Wénkelmooss) den Haaptstär α (elo N Scorpii) an den β (elo H Scorpii) krut.
| B | F | Numm o. aner Bezeechnungen | Gréisst | Lj | Spektralklass |
|---|---|---|---|---|---|
| α | 21 | Antares, Kalb al Akrab, Cor Scorpii, Vespertilo | 0,9 bis 1,8m | 604 | M1.5I ab-Ib + B4 Ve |
| λ | 35 | Shaula | 1,63m | 703 | B2 IV + B |
| θ | Sargas | 1,86m | 272 | F1 II | |
| ε | 26 | Wei | 2,29m | 65 | K2.5 III |
| δ | 7 | Dschubba, Al Jabba, Iclarkrau | 2,29m | 402 | B0.3 IV |
| κ | Girtab | 2,41m | 464 | B1.5 III | |
| β1 | 8 | Akrab, Elacrab, Graffias, Grassias | 2,56m | 530 | B1 V |
| υ | 34 | Lesath, Lesuth | 2,70m | 519 | B2 IV |
| τ | 23 | Alniyat, Al Niyat | 2,82m | 430 | B0 V |
| π | 6 | 2,89m | 459 | B1 V + B2 V | |
| σ | 20 | Al Niyat | 2,9 bis 3,8m | 735 | B1 III |
| ι1 | 2,99m | 1792 | F2 Iae | ||
| μ1 | 3,00m | 822 | B1.5 V + B6.5 V | ||
| G | 3,19m | 127 | K2 III | ||
| η | 3,32m | 72 | F3 III-Ivp | ||
| μ2 | 3,56m | 517 | B2 IV | ||
| ζ2 | 3,62m | 151 | K4 III | ||
| ρ | 5 | 3,87m | 409 | B2 IV-V | |
| ω1 | 9 | Jabhat al Akrab | 3,93m | 424 | B1 V |
| ν | 14 | Jabbah | 4,00m | 437 | B3 V |
| ξ | Grafias | 4,16m | 92,5 | ||
| HR 6166 | 4,18m | 339 | K6 III | ||
| HR 6143 | 4,24m | 746 | B2 III-IV | ||
| HR 6546 | 4,26m | 144 | K0 IIIb | ||
| ω2 | 4,31m | 265 | G3 II-III | ||
| ο | 19 | 4,55m | 1178 | A5 II | |
| c2 | 13 | 4,58m | 468 | B2V | |
| A | 2 | 4,59m | 434 | B2.5 Vn | |
| 1 | 4,63m | 522 | B3 V | ||
| ζ1 | 4,70m | 2900 | B1 Iape | ||
| ι2 | 4,78m | 3 700 | A2Ib | ||
| i | 22 | 4,79m | 393 | B2 V | |
| HR 6628 | 4,79m | 607 | B8V | ||
| d | 4,80m | 140 | A0 V | ||
| HR 6334 | 4,83m | 2700 | B1 Ia | ||
| HR 6675 | 4,85m | 347 | K2 III | ||
| HR 6682 | 4,88m | 547 | M0 III | ||
| β2 | 4,90m | 1133 | B2 V | ||
| ψ | 15 | 4,93m | 165 | A3 IV | |
| HR 5969 | 4,96m | 212 | K5 III | ||
| HR 6316 | 5,03m | 491 | B8 V | ||
| HR 6371 | 5,06m | 300 | G8 - K0 III + G | ||
| HR 6017 | 5,09m | 255 | K3 III | ||
| HR 6460 | 5,10m | 757 | B7 III | ||
| HR 6245 | 5,23m | 7000 | O8 Iaf | ||
| χ | 17 | 5,24m | 439 | K3 III | |
| HR 6142 | 5,31m | 8500 | B1 Iae | ||
| HR 6001 | 5,35m | 425 | M2 III | ||
| HR 6094 | 5,37m | 42 | G5 V | ||
| HR 5906 | 5,38m | 414 | B6 Ivn | ||
| HR 5907 | 5,41m | 393 | B2.5 Vne | ||
| HR 6100 | 5,42m | 468 | B8 IV | ||
| V913 | 5,43m | 488 | B5 IV | ||
| 16 | 5,43m | 250 | A4 V | ||
| HR 6260 | 5,46m | 6000 | B0.5 Ia | ||
| V918 | 5,46m | 3000 | O9 Ia | ||
| HR 6221 | 5,48m | 369 | K0 III | ||
| 27 | 5,48m | 725 | K5 III | ||
| 18 | 5,49m | 46 | G2 Va | ||
| HR 6007 | 5,50m | 433 | B8 V |
Den λ Scorpii, ass deen zweethellste Stär am Skorpioun. Et ass e bloe Risestär deen op enger Distanz vu 700 Liichtjoer vun eis läit.
Den Numm Shaula staamt aus dem Arabeschen an heescht „erhuewene (Stachel)“.
Op enger Distanz vu 46 Liichtjoer steet de Stär 18 Scorpii dee giel liicht, an deen a Gréisst, Temperatur a Liichtkraaft eiser Sonn gläicht. Mat enger schäinbarer Hellegkeet vu 5,49m ass hien nach just mat bloussem A ze gesinn.
| System | Gréissten | Ofstand |
|---|---|---|
| α | 0,9 bis 1,8 / 6,5m | 2,4“ |
| β | 2,9 / 5,1m | 13,7“ |
| σ | 3,0 bis 3,8 / 9,0m | 20“ |
| ξ | 4,1 / 7,2m | 7,9“ |
| ν | 4,0 / 6,2m | 41,4“ |
Den hellste Stär am Skorpioun ass den Antares (α Scorpii). De Numm staamt vun „Anti-Ares“ of a bedeit „Géigemars“ (de griichesche Krichsgott Ares entsprécht dem réimesche Gott Mars). Wéinst senger rouder Faarf gläicht de Stär dem Planéit Mars. Eng aner historesch Bezeechnung ass „Kalb al Akrab“, arabesch fir „Häerz vum Skorpioun“. De laténgesche Numm „Cor Scorpii“ huet déi selwecht Bedeitung.
Den Antares ass een Duebelstäresystem op enger Distanz vun 600 Liichtjoer. An engem Ofstand vun 2,4 Bousekonnen befënnt sech e Begleeder vun der 6. Gréissteklass. Den Haaptstär ass e Iwwerris mat der 10.000fachen Liichtkraaft an dem 700fachen Duerchmiesser vun eiser Sonn.
De β Scorpii steet op enger Distanz vu 530 Liichtjoer zu eis an ass een Duebelstär. Hie ka schon mat engem klengen Teleskop optesch gedeelt ginn.
Den arabesche Numm "Akrab" bedeit och „Skorpioun“.
93 Liichtjoer ewecj steet d’System ξ Scorpii a besteet aus sechs Stärem, déi sech ëmkreesen. Am Teleskop kënnen zwee Stäre gesinn ginn.
D’System ξ Scorpii ass 437 Liichtjoer vun eis ewech a besteet aus fënnef Stären. Am Teleskop mat enger 15 cm Ëffnung kënne véier Stäre gesinn ginn.
| Stär | Gréisst | Period | Typ |
|---|---|---|---|
| α | 0,9 bis 1,8m | 4,75 Joer | hallefregelméisseg Verännerlechen |
| σ | 3,0 bis 3,8m | 0,247 Tage | Alpha2- Canum-Venaticorum-Stär |
Den Haaptstär vum System σ Scorpii verännert seng Hellegkeet iwwer een Zäitraum vu 5 Stonnen a 55 Minutten.
| Messier (M) | NGC | aner | Numm | Gréisst | Typ |
|---|---|---|---|---|---|
| 4 | 6121 | 5,9m | Kugelstärekoup | ||
| 6 | 6405 | Päiperlekskoup | 4,2m | oppene Stärekoup | |
| 7 | 6475 | 3,3m | oppene Stärekoup | ||
| 80 | 6093 | 7,3m | Kugelstärekoup | ||
| 6124 | oppene Stärekoup | ||||
| 6139 | Kugelstärekoup | ||||
| 6144 | Kugelstärekoup | ||||
| 6169 | oppene Stärekoup | ||||
| 6178 | oppene Stärekoup | ||||
| 6192 | oppene Stärekoup | ||||
| 6231 | oppene Stärekoup | ||||
| 6242 | oppene Stärekoup | ||||
| 6249 | oppene Stärekoup | ||||
| 6259 | oppene Stärekoup | ||||
| 6268 | oppene Stärekoup | ||||
| 6322 | oppene Stärekoup | ||||
| 6334 | Emissiounsniwwel | ||||
| 6383 | oppene Stärekoup | ||||
| 6388 | Kugelstärekoup | ||||
| 6416 | oppene Stärekoup |
Am Skorpioun ass eng Villzuel vun niwwelegen Objeten ze gesinn. Fënnef huet de franzéischen Astronom a Koméitejeeër Charles Messier a säi Katalog (Messier-Katalog) opgeholl.
Ëstlech vum rouden Antares befënnt sech de Kugelstärekoup M 4, deen 6.000 Liichtjoer vun eis ewech ass.
Nërdlech vum Antares läit de Kugelstärekoup M 80. Seng Distanz zu eiser Äerd ass 36.000 Liichtjoer.
Den oppene Stärekoup M 6 ass ronn 2.000 Liichtjoer vun eis ewech. Wéinst vu senger Form gëtt dee Stärekoup och Päiperlekskoup genannt.
Den oppene Stärekoup M 7 läit 800 Liichtjoer ewech an huet ronn 80 Stären, déi méi hell wéi déi 10. Gréissteklass sinn.
Den M 6 an den M7 zielen zu deen beandrockensten oppene Stärekéip, déi vun Europa ze observéieren sinn.
stock | retire | vm
Why are we here?
All text is available under the terms of the GNU Free Documentation License
This page is cache of Wikipedia. History