D´Geographie (griich. Γεωγραφια geographia, v. griich.: gaia = Äerd + griich. gráphein = kritzelen, schreiwen, zeechnen) ass eng vun de Geowëssenschaften. Si befaasst sech mat der Äerduewerfläch, mat de Landschaften, mat de Mënschen an och mat der materieller a geeschteger Ëmwelt vun de Mënschen. An der Geographie geet et am allgemengen em d´Welt an der mir liewen.
Inhaltsverzeechnes |
Déi éischt déi d'Geographie studéiert hunn, waren d'Griichen. Duerno koumen d'Réimer, déi mat neien Technike wéi d'Kartographie komm sinn. An Europa war während dem Mëttelalter den Interessi u geographeschen Erkenntnesser net ganz grouss bis de Marco Polo am 13. Joerhonnert a China gereest war. Am 18. Joerhonnert ass d'Geographie dunn als eegestänneg Disziplin unerkannt ginn a gouf vun do un op den Universitéite geléiert.
stock | retire | vm
Why are we here?
All text is available under the terms of the GNU Free Documentation License
This page is cache of Wikipedia. History