Galaxis


D'Andromeda-Galaxie M31, d'Nopeschgalaxis.

Den Numm Galaxis (griichesch γαλαξίας, galaxías [männlech] - d'Mëllechstrooss) gëtt an der Astronomie allgemeng fir eng gravitativ gebonne grouss Usammlung vu Matière, wéi Stären a Planéitesystemer, Gasniwwelen, Stëbswolleken an aner Objete bezeechent. Synonym kann och de Begrëff Stäresystem gebraucht ginn.

Eis Galaxis heescht och d'Galaxis oder d'Mëllechstrooss. An enger däischterer awer klorer Nuecht (keng Stroosseluuchten, oder grouss Uertschaften) kann een d'Stäre vun eiser galaktescher Scheif gesinn, déi ausgesinn, wéi wann ee Mëllech ausgeschott hätt.

Allgemenges

Hubble deep field.jpg

D'Galaxië variéiere staark an hirem Glach (Morphologie), Gréisst an Zesummesetzung. Eis Mëllechstrooss gehéiert zu de gréissere Galaxien a besteet aus ca. 1011 (100 Milliarden) Stäre bei engem Duerchmiesser vun ca. 100.000 Liichtjoren. Niewent de Stäre besteet eng Galaxis och aus Gas, Stëbs an Donkel Matière. D'Andromeda-Galaxis ass eis nächst gréisser Nopeschgalaxis. D’Distanz tëschent dësen zwou Galaxien ass mat 2,4–2,7 Mio. Liichtjoer onvirstellbar grouss. Zesumme mat weidere Galaxië bilden déi zwou Galaxien d'Lokal Grupp. Niewent dëser Galaxiëgrupp gëtt et och Galaxiekéip mat villen tausend Memberen. Unhand vun de leschten "Ultra-Deep-Field"-Fotoe vum Hubble-Weltraumteleskop vum Mäerz 2004 kann kann e graff ofschätzen, datt mat haiteger Technik vun der Äerd aus iwwer 5•1010 (50 Milliarden) Galaxien theoretesch observéiert kënne ginn. Laang Zäit war déi genee Natur vun de Galaxien onkloer, well déi eenzel Stären net opgeléist konnte ginn a nëmmen e Niwwel ze gesinn war. D'Fro war, ob dës Spiralniwwel zu eiser Galaxis gehéieren oder en eegent Stäresystem sinn. Eréischt am Joer 1923 ass et dem Edwin Hubble gelongen, dës Fro ze klären. Hien huet d'Distanz zum Andromedaniwwel bestëmmt a festgestallt, datt en ze wäit ewech ass, fir zu eiser Galaxis ze gehéieren.

Galaxientypen

Klassifikatioun nom Hubble

Galaxië ginn no hirer Morphologie a verschidden Haapt- an Ënnergruppe vun der sougenannter Hubble-Klassifikatioun agedeelt. Den Hubble huet d’Klassifikatioun no enger klenger Stéchprouf vun noen an helle Galaxien opgebaut. Dobäi goufen d'Galaxien nëmmen an deem deemools zougänglechen optesche Wellelängenberäich klassifizéiert. Trotz dëser Andeelung ass dës Klassifikatioun mat e puer Erweiderunge bis haut am Gebrauch. Déi eenzel Type sinn:

  • D'Elliptesch Galaxis huet keng besonnesch Ënnerstrukturen. D’Linne mat derselwechter Hellegkeet hunn d'Form vun enger Ellips. D'Elliptesch Galaxien hunn ee gläichméissegen Hellegkeetsoffall vu bannen no baussen. Si hu kee Gas an dofir läit hir Stäregebuertsplaz bei Null. Hire Spektrum gëtt vun alen an dofir roude Stäre dominéiert. Elliptesch Galaxien ginn no hirer numerescher Exzentrizitéit an d'Klassen E0 (kreesfërmeg) bis E7 (staark elliptesch) agedeelt. D'Zuel hanner dem E gëtt déi éischt Nokommastell vun der Exzentrizitéit un, d. h. eng Galaxis vun der Klass E7 huet d’Exzentrizitéit 0,7. Déi absolut Hellegkeete vun elliptesche Galaxien ëmfaassen e grousse Beräich. Déi hellste Galaxië si meeschtens elliptesch Galaxien, a sinn an dësem Fall wahrscheinlech duerch d’Verschmëlze vu klengen a mëttelgrousse Galaxien entstanen. Elliptesch Galaxië sinn dacks a grousse Galaxiekéip ze fannen.
Galaxientypen no der Hubble-Klassifikatioun: „E“ steet fir Elliptesch Galaxien, „S“ steet fir Spiralen a „BS“ fir Balken-Spiralen
  • D'lentikulär Galaxien och lënsefërmeg Galaxien, gehéieren an d'Klass S0. Si hunn e Kär, deen deem vun de Spiralgalaxien entsprécht, hir galaktesch Scheif enthält awer keng Spiraläerm, mä ass gläichméisseg hell (Beispill: M 102).
  • D'Spiralgalaxien hunn een spheroidesche Kär, de sougenannte Bulge, an dovu gi Spiraläerm aus, déi an enger flaacher Scheiwekomponent leien. Während de Bulge enger elliptescher Galaxis gläicht, a keng Stäregebuert méi weist, erlaben de Gas an de Stëbs an der Scheif, datt Stäregebuerten an de Spiraläerm enstinn. Dofir erschéngen d'Spiraläerm meeschtens blo, an de Bulge meeschtens roudelzeg op Biller. D'Spiraläerm gi weider an d’Klassen Sa, Sb an Sc ënnerdeelt. Galaxië vum Typ Sa hunn een ausgeprägte Kär a geschwonge Spiraläerm (Beispill: Sombreroniwwel M 104). Den Typ Sc huet ee relativ schwaache galaktesche Kär, lasse geschwonge Spiraläerm an doduerch heiansdo d’Gestalt vun engem a sech verdréinten "S" (Beispill: den Dräiecksniwwel M 33). Zesumme mat de lentikuläre Galaxië ginn Sa, Sb an Sc och als Scheiwegalaxien zesummegefaasst; vu Laie gi si meeschtens Spiralniwwel genannt. Spiralgalaxië kënnen zousätzlech ënnerdeelt ginn, nodeems wéi staark sech d'Spiraläerm vun den iwwrege Scheiweregiounen ofhiewen. Wann eng Spiralstruktur nëmmen undeitend a kaum vun der galaktescher Scheif ze ënnerscheeden ass, schwätzt ee vu sougenannte flocculent spirals („flockege“ Spiralniwwelen).
NGC 1300, eng Balkespiral vum Hubble-Typ SBb
  • D’Balkespiralgalaxis huet vum Zentrum aus gesinn e laange Balken, un deen sech dann d'Spiraläerm uschléissen. (Beispill: M 109) Genee wéi d'Spiralgalaxië gi si och no der Gréisst vun hirer Ausdeenung vum Kär an Ëffnung vun hire Spiraläerm an d’Klassen SBa, SBb an SBc ënnerdeelt. Bei eiser Galaxis handelt et sech wahrscheinlech ëm eng Balkespiralgalaxis.
  • D’Irregulär Galaxien (onregelméisseg) Galaxien hu keng Spiraläerm an och keng elliptesch Form. Si sinn am Duerchschnëtt méi liichtschwaach wéi elliptesch a Spiralgalaxien. Zu dëser Grupp gehéiere meeschtens Zwerggalaxien.

Niewent der Klassifikatioun vum Hubble gëtt et och weider Andeelungen, z.B. nom Gerard Henri de Vaucouleurs oder d’Yerkes-Klassifikatioun, déi zwar manner gebraucht ginn.

Weider Galaxientypen

Et gëtt weider Formen vu Galaxien, déi sech net an dat iewescht Schema anuerdnen loossen oder dës ergäenzen. Ënner aneren sinn dëst:

  • D’Zwerggalaxis ass eng Galaxis mat gerénger Hellegkeet. D’Zwerggalaxien sinn méi zueleräich wéi Risegalaxien. Anescht wéi bei dësen gëtt et virun allem elliptesch (dE), spheroidal (dSph) an irregulär (dIrr) Zwerggalaxien.
  • Déi elliptesch Zwerggalaxien kënnen nach eng Kéier ënnerdeelt ginn a kompakt (cE) an diffus Galaxien. Déi nächst kompakt elliptesch Zwerggalaxis, déi och eenzeg an der Lokaler Grupp assM32. Kompakt elliptesch Zwerggalaxien gläichen an hirer Morphologie de groussen ellipteschen Galaxien. Si besëtzen eng méi staark ausgeprägten Zentralregioun als déi diffusen, wat op eng ënnerschiddlech Entstéiungsgeschicht hiweist.
D’ „Mäis“-Galaxien IC 820 (lénks) an IC 819 sinn am Begrëff mateneen ze verschmëlzen a maachen Gezäitenäerm
  • Wiesselwierkend Galaxien sinn Begéigungen tëschent zwou oder méi Galaxien. Well e je no Stadium vun der Wiesselwierkung ënnerschiddlech Kären an och Gezäitenäerm observéiere kann, passen och dës Systemer an d’Klassifikatiounsschema vum Hubble.
    • Gezäitenäerm-Galaxis. Si (tidal dwarf galaxies, TDG) sinn Galaxien, déi bei der Wiesselwierkung vun zwou gasräicher Galaxien a laangen Gezäitenäerm aus Gas a Stëbs entstinn.
D’Wonradgalaxis
    • Polarrank-Galaxis. Polarrank-Galaxien beschreiwen selten Resultater vu Verschmelzung vun zwou Galaxien. Duerch gravitativ Wiesselwierkung sinn sech heibäi zwou Galaxien so no komm, datt dacks de masseäermsten Wiesselwierkungspartner zerrappt a seng Stäre, Gas a Stëbs am Schwéierfeld vun der anerer Galaxis agefaange gouf. Dobäi ergëtt sech, ofhängig vun der Orientierung vum Zesummestouss, e Rank aus Stären. Well dëse Rank meeschtens senkrecht zur Galaxienhaaptgläiche ausgeriicht ass, schwätzt een vu Polarrank-Galaxien. Et gëtt heibäi Unzeechen, wéi datt eis Galaxis och e Polarrank besëtzt. Beispill: Wonradgalaxie.
Déi aktiv Galaxis NGC 7742 huet e ganz helle Kär.
  • Als aktiv Galaxis bezeechent een i. A. eng Ënnergrupp vu Galaxien mat engem besonnesch helle Kär (engl. och AGN, Active Galactic Nucleus genannt). Dës héich Liichtkraaft deit méiglecherweis op en aktivt masseräicht Schwaarzt Lach am Zentrum vun der Galaxis hin. Zu dëser Grupp zielen:
    • Eng Radiogalaxis stralt ganz vill Synchrotronstralung am Beräich vun de Radiowellen of. D’Radiogalaxien ginn dofir och mat Hëllef vun der Radioastronomie ënnersicht. Dacks gesäit een och bei de Radiogalaxien bis zu zwou Matièrestréim, sougenannten Jets. Beispiller fir staark Radiogalaxien sinn: Centaurus A, Perseus A, Cygnus A an M 87 am Stärebild Virgo (Jongfra).
    • Eng Seyfertgalaxis huet e ganz hellen, stärefërmege Kär. D’Seyfertgalaxien weisen am Beräich vum visuelle Spektrum prominent Emissiounslinnen. Ongeféier 1 Prozent vun den Haaptgalaxien gehéieren zu dëser Kategorie.
    • BL Lacertae-Objete sinn aktiv Galaxien, deenen hire Spektrum keng Absorptiouns- an Emissiounslinnen opweisen. Obschonns si deeweis ganz hell sinn, kann hir Routverrécklung schlecht bestëmmt ginn. Hir Hellegkeet ass staark variabel. BL-Lac-Objete gehéieren niewent de Quasaren zu den liichtstäerkste bekannten Objeten.
    • E Quasar ass en Objet mat der gréissten absoluter Hellegkeet, déi je gesinn ginn ass. Opgrond vun der grousser Distanz vun dësen Objeten kann een nëmmen deenen hiren kompakten, stärefërmegen Kär observéieren.
  • Eng Starburstgalaxis ass eng Galaxis mat enger ganz héiger Stäregebuertsplaz an déier intensiver Strahlung. Eng gutt erfuerschte Starburstgalaxis ass de M 82.

Literatur

  • Timothy Ferris: Galaxien. Birkhäuser, Basel 1987, ISBN 3-7643-1867-8
  • Françoise Combes: Galaktische Wellen. In: Spektrum der Wissenschaft, 01/06, S. 22ff
  • Peter Schneider: Einführung in die Extragalaktische Astronomie und Kosmologie, Springer 2005, ISBN 3-540-25832-9

Um Spaweck

Commons: Galaxien – Biller, Videoen oder Audiodateien







stock | retire | vm
Why are we here?
All text is available under the terms of the GNU Free Documentation License
This page is cache of Wikipedia. History