De Schwan (Latäin Cygnus) ass e Stärebild nërdlech vum Himmelsequator.
|
|
|
|---|---|
| Lëtzebuergeschen Numm | Schwan |
| Laténgeschen Numm | Cygnus |
| Laténgesche Genitiv | Cygni |
| Laténgesch Ofkierzung | Cyg |
| Rektaszensioun | 19h 07m bis 22h 03m |
| Deklinatioun | +61°20´ bis +27°45´ |
| Fläch | 804 Quadratgrad |
| Siichtbar op de Breedegraden | 90° Nord bis 29° Süd |
| Beobachtungszäitraum fir Mëtteleuropa |
Summer |
| Stäre mat der Gréisst < 3m |
5 |
| Hellste Stär, Gréisst |
Deneb (α Cygni) 1,25m |
| Meteorstréim | Kappa-Cygniden |
| Noperstärebiller (vu Norden am Auerzäresënn) |
Cepheus Draco Lyra Vulpecula Sagitta Pegasus Lacerta |
Inhaltsverzeechnes |
De Cygnus ass en opfällegt Stärebild um Summer- an Hierschthimmel.
Déi hellste Stäre forméieren e markant Kräiz um Himmel. Doduerch gëtt dat Stärebild och heiansdo nërdlecht Kräiz, als Géigestéck zum Kräiz vum Süden genannt.
D’Stärebild soll e Schwan, dee flitt, duerstellen. Den hellste Stär α Cygni (Deneb) soll de Schwanz symboliséieren, an d’Stäre η an β (Albireo) de laangen, am Fluch virgestreckten Hals bilden. Am zentrale Stär γ Cygni setzen déi geschwonge Flilleken un.
Den Deneb, sowéi d’Stären Vega an der Lyra an den Altair am Aquila symboliséieren de Summerdräieck.
Duerch d’Stärebild Cygni zitt sech dat hellt Band vun der Mëllechstrooss. Dat mécht d’Stärebild interessant, well do vill verschiddenarteg Stären an niwweleg Objete sinn.
Am Schwan ass och déi zweetstäerkst kosmesch Radioquell um Himmel. D’Radiosstralung geet vun enger aktiver Galaxis aus, déi den Numm Cygnus A huet. D’Galaxis ass 650 Millioune Liichtjoer vun eis ewech a gett eréischt duerch laangbeliichten Teleskopfotoen optesch siichtbar gemach.
Doriwwer eraus ass sech am „Schwan“ déi kosmesch Röntgenquell Cygnus X1. D’Röntgenstrahlung geet vun engem 8.200 Liichtjoer wäitem Duebelstär fort. Den Haaptstär gëtt vun engem masseräichen, ganz klengem Stär begleet, dee sech wahrscheinlech an e Schwaaarzt Lach verwandelt huet. Gas stréimt aus dem Haaptstäremantel mat héijer Vitesse op de Begleetstär iwwer, wobäi duerch d'Reiwung extrem héich Temperaturen optrieden a Röntgenstrahle fräigesat ginn.
De „Schwan“ gehéiert zu den 48 Stärebiller aus der antiker griichescher Astronomie, déi schonns vum Ptolemäus beschriwwe goufen.
Um Stär 61 Cygni ass et dem Astronom Friedrich Wilhelm Bessel am Joer 1838 fir d'éischt gelongen, eng genee Distanzmiessung un Hand vun der Parallax ze maachen. Mat nëmmen 11,4 Liichtjoer Distanz ass den 61 Cygni ee vun deenen noosten Nopere vun eiser Sonn.
All Joer vum 3. bis den 25. August kënnen d'Kappa-Cygniden observéiert ginn, deem säi Radiant beim Stär κ Cygni läit.
| B | F | Numm o. aner Bezeechnungen | Gréisst | Lj | Spektralklass |
|---|---|---|---|---|---|
| α | 50 | Deneb, Deneb el Adige, Arieded, Gallina | 1,25m | 3200 | A2 Ia |
| γ | 37 | Sadr, schedir | 2,23m | 750 | F8 |
| ε | 53 | Giennah | 2,48m | 72 | K0 III |
| β | 6 | Albireo, Al Minhar al Dajajah | 2,9m | 385 | K2 + B9 V |
| δ | 18 | 2,86m | 150 | B9 + F1 | |
| 34 | P Cygni | 3,0 bis 6,0m | 5000 | B2 Ia | |
| ζ | 64 | 3,21m | 200 | G8 III | |
| χ | 3,62 bis 15,0m | 345 | K0 III | ||
| ξ | 62 | 3,72m | 1000 | K5 Ib | |
| τ | 65 | 3,74m | 70 | F1 IV | |
| ι | 10 | 3,76m | 100 | A5 V | |
| κ | 1 | 3,80m | 150 | K0 III | |
| ο1 | 31 | 3,80m | 500 | K2 + B6 | |
| η | 21 | 3,89m | 200 | K0 III | |
| ν | 58 | 3,94m | 150 | A0 V | |
| ο2 | 32 | 3,96m | 1000 | K3 ib | |
| ρ | 73 | 3,98m | 200 | G8 III | |
| 41 | 4,01m | 500 | F5 II | ||
| σ | 67 | 4,22m | 5000 | B9 Ia | |
| 52 | 4,22m | 200 | K0 III | ||
| π2 | 81 | 4,23m | |||
| 33 | 4,28m | ||||
| υ | 66 | 4,41m | |||
| 39 | 4,43m | ||||
| θ | 13 | 4,49m | 60 | F4 V | |
| μ1 | 78 | 4,49m | |||
| λ | 54 | 4,53m | 600 | B5 + B7 | |
| f2 | 63 | 4,56m | |||
| 47 | 4,61m | ||||
| φ | 12 | 4,68m | |||
| π1 | 80 | Azelfafage | 4,69m | ||
| 57 | 4,80m | ||||
| 61 | 4,8m | 11,4 | K5 + K7 | ||
| 55 | 4,81m | ||||
| 72 | 4,87m | ||||
| 15 | 4,89m | ||||
| ψ | 24 | 4,91m | 200 | A3 + F4 | |
| b2 | 28 | 4,93m | |||
| b3 | 29 | 4,93m | 120 | A2 + K0 | |
| ω1 | 45 | Ruchbah | 4,94m | ||
| 22 | 4,95m | ||||
| 2 | 4,99m | ||||
| 17 | 5,00m | ||||
| d | 17 | 5,03m | |||
| A | 68 | 5,04m | |||
| 74 | 5,04m | ||||
| e | 26 | 5,06m | |||
| 56 | 5,06m | ||||
| 75 | 5,09m | ||||
| ω2 | 46 | 5,1m | 500 | M2 + A0 | |
| 23 | 5,14m | ||||
| 25 | 5,15m | ||||
| 4 | 5,17m | ||||
| 19 | 5,18m | ||||
| g | 71 | 5,22m | |||
| c | 16 | 5,3m | 150 | G2 + G4 | |
| 70 | 5,30m | ||||
| b1 | 27 | 5,38m | |||
| 60 | 5,38m | ||||
| 51 | 5,41m | ||||
| 49 | 5,53m | ||||
| 36 | 5,58m | ||||
| 40 | 5,63m | ||||
| 79 | 5,69m | ||||
| 7 | 5,73m | ||||
| 73 | 5,73m | ||||
| 77 | 5,73m | ||||
| 42 | 5,90m | ||||
| 69 | 5,93m | ||||
| 11 | 6,03m | ||||
| 48 | 6,32m |
De Stär Deneb (α Cygni) ass mat enger visueller Magnitude vun 1,25m opfalend hell. Seng Distanz ass net genau bekannt; an der Literatur gëtt eng Distanz vun 1.600 bis 3.200 Liichtjoren uginn. Et handelt sech ëm een extrem liichtstaarken, blowäisse Stär vun der Spektralklass A2 mat der 60.000 bis 250.000facher Liichtkraaft vun eiser Sonn.
Den Numm Deneb ass eng Verkierzung vun dem arabeschen Numm ḏanab al-daǧāǧa „Schwanz vum Hong“.
Den ε Cygni Giennah (aus arab. ǧanāḥ „Wann“) ass mat 72 Liichtjoer Distanz vill méi no. Et ass e gielen Stär vun der Spektralklass K0.
| System | Gréisst | Ofstand |
|---|---|---|
| γ | 2,3m/9,5m | 142" |
| β | 3,1m/5,1m | 34,5" |
| δ | 2,9m/6,3m | 2,5" |
| ο1 | 3,8m/7,0m | 107" |
| λ | 4,9m/6,1m | 0,9" |
| ψ | 4,9m/7,4m | 3,2" |
| η | 4,8m/6,1m | 1,1" |
| 29 | 5,0m/6,6m | 212" |
| 61 | 5,6m/6,9m | 30" |
| ω2 | 5,4m/6,6m | 256" |
| 79 | 5,6m/6,9m | 150" |
| 16 | 5,99m/6,2m | 39,6" |
Den zweethellste Stär, γ Cygni mam Numm Sadr (verkierzt aus dem arab. ṣadr al-daǧāǧa „Héngerbroscht“) ass en Duebelstäresystem op enger Distanz vun 750 Liichtjoer. Niewent dem hellen Haaptstär befënt sech an engem wäite Wénkelofstand vun 142 Bousekonnen e liichtschwaache Begleeder vun nëmmen 9,5m. Fir eng Observatioun geet e klengt Teleskop mat enger 6 cm Ëffnung duer.
D’System β Cygni (Albireo) wat op enger Distanz vun 385 Liichtjoer läit ass e ganzt schéint Observatiounszil. Scho mat engem klengen Teleskop kann een d’System an Eenzelstären opléisen, wobäi déi zwee Stäre en däitleche Fuarwekontrast opweisen. D’System besteet aus engem orangerouden Risestär vun der Spektralklass K3 an engem bloe Begleeder vun der Spektralklass B9.
Den haitegen Numm Albireo geet op en Iweerdrohungsfeeler zeréck. Den fréieren arabesche Numm war al-minkhar al-daǧāǧa „de Schniewel vum Hung“.
D’System δ Cygni läit op enger Ditnaz vun 150 Liichtjoer. Well déi zwee Stäre vun der Äerd aus gesinn nëmmen en Ofstand vun 2,5 Bousekonnen opweisen, brauch e fir d’Observatioun onbedéngt en Teleskop.
Den ο1 Cygni ass 500 Liichtjoer ewech. Scho mat engem klengen Teleskop erkennt een en gielen Haaptstär an e liichtschwaache bloe Begleeder.
D’System 61 Cygni besteet aus zwee giele Stären op enger Distanz vun 11,4 Liichtjoer.
| Stär | Gréisst | Period | Typ |
|---|---|---|---|
| χ | 3,3 bis 14,2m | 407 Deeg | Mira-Stär |
| P | 3,0 bis 6,0m | onregelméisseg | onregelméisseg Verännerlechen |
| W | 5,4 bis 6,2m | ca. 126 Deeg | halefregelméisseg Verännerlechen |
De χ Cygni (Distanz zur Äerd 345 Liichtjoer) ass e verännerleche Stär vum Typ Mira. Stäre vun dësem Typ weise staark Hellegkeetsschwankungen op. Am Maximum weist χ Cygni eng Hellegkeet vun 3,3m op an ass mam bloussen A däitlech ze gesinn. Am Minimum fält seng Hellegkeet op 14,2m erof. Fir en dann z'observéiere brauch e schonn e gréisseren Teleskop. D’Hellegkeetsschwankunge vollzéie sech mat enger Period vu 407 Deeg. De χ Cygni liicht giel-orange a gehéiert zu der Spektralklass K0.
De P Cygni (och 34 Cygni bezeechent), ännert seng Hellegkeet ouni erkennbar Regelméissegkeet tëschent 3,0 an 6,0m. De Stär ass 5.000 Liichtjoer ewech a gehéiert zu der Spektralklass B2. Hien huet op senger Uewerfläch eng extrem héich Temperatur vun 19.000 Kelvin a liicht mat der 700.000facher Liichtkraaft vun eiser Sonn.
De W Cygni ass en hallefregelméisseg verännerleche Stär, deem seng Hellegkeet an engem Rhythmus vu ronn 126 Deeg tëschent 5,4 an 6,2m schwankt. De roudelzeche Stär ass 500 Liichtjoer vun eis ewech a gehéiert zu der Spektralklass M5.
| Messier (M) | NGC | diverses | Gréisst | Typ | Numm |
|---|---|---|---|---|---|
| 29 | 6913 | 6,5m | Oppene Stärekoup | ||
| 39 | 7092 | 5m | Oppene Stärekoup | ||
| 6826 | 9m | Planetareschen Niwwel | |||
| 6834 | 7,8m | Oppene Stärekoup | |||
| 6960 | 9m | Gasniwwel | Cirrusniwwel | ||
| 6992/5 | 7,5m | Gasniwwel | Cirrusniwwel | ||
| 7000 | 5m | Gasniwwel | Nordamerikaniwwel | ||
| 7027 | 8,5m | Planetareschen Niwwel | |||
| IC 5067 | 7,5m | Gasniwwel | Pelikanniwwel |
Duerch d'Mëllechstrooss, déi duerch Stärebild Schwan zitt, ass dëst Stärebild interessant.
Zwee Oppe Stärekéip huet de franséischen Astronom a Koméitenjeeër Charles Messier a säin Katalog mat niwwelechen Objeeten (Messier-Katalog) opgeholl.
Den oppenen Stärekoup M 29 kreest op enger Distanz vun 4.000 Liichtjoer a steet méi déif wéi den helle Stär γ Cygni a ka liicht fonnt ginn. Am klengen Teleskop kann een eng Grupp vun 20 bis 30 Eenzelstäre gesinn.
De M 39 ass ronn 1.000 Liichtjoer vun eis ewech. Am Teleskop gesäit een eng Usammlung vun 10 bis 15 Stären.
3.000 Liichtjoer ewech ass de Planetareschen Niwwel NGC 6826. Hie gouf 1773 vum Wilhelm Herschel entdeckt. Et handelt sech dobäi ëm d’Iwwerräschter vun engem Stär, dee seng baussecht Gasmantel ofgestouss huet. Am Teleskop gesäit een e ronne niwwelege Fleck, an deem den Zentralstär, e Wäissen Zwerg mat der Hellegkeet 10,6 m agebett ass.
D’Objeete NGC 6960, NGC 6992 an NGC 6995 stinn op enger Distanz vu 1.500 Liichtjoer vun eiser Äerd. Si ginn als Cirrusniwwel bezeechent, well se ausgesinn an och un Zirruswolleken erënneren. Et handelt sech ëm d’Iwwerräschter vun Supernovaexplosiounen, déi virun ronn 50.000 Joer explodéiert sinn. Dobäi goufen gigantesch Gaswolleken ofgestouss, déi sech ëmmer nach ausbreeden. Mat engem Teleskop ginn interessant Strukturen a Filamente siichtbar. Am beschten gebraucht een fir d’Observatioun een Interferenzfilter, wéi een UHC-Filter oder een OIII-Filter.
E weideren Gasniwwel ass den NGC 7000, och nach Nordamerikanebel genannt ass 4.000 Liichtjoer ewech. Säi Numm geet op d’Form vun dësem Niwwel zeréck, deen ausgesäit, wéi eng Landkaart vun Nordamerika. De Niwwel steet westlech vum hellen Stär Deneb. Hie kann mat enger Spektiv observéiert ginn.
| Commons: Cygnus – Biller, Videoen oder Audiodateien |
stock | retire | vm
Why are we here?
All text is available under the terms of the GNU Free Documentation License
This page is cache of Wikipedia. History