Breedegraden oder d'geographesch Breet φ oder B (englesch latitude, lat. latitudo, franséisch: latitude oder och däitsch ofgekierzt mat Lat. oder LAT) ass déi am Wénkelmooss (also a Grad) notéiert nërdlech oder südlech Distanz vun enger Plaz (Punkt) vun der Äerduewerfläch vum Equator. D’Breet ka Wäerter vun 0° (um Equator) bis ±90° (un de Polen) unhuelen. Amplaz vum Virzeechen (traditionell +Nord, −Süd) ass och N oder . S zougelooss.
D’geographesch Breet gëtt sexagesimal a Grad, Minutten an a Sekonnen uginn, woubäi eng Minutt 60 Sekonnen an ee Grad 60 Minutten huet (wéi bei der Zäit). Bei Dezimalgrade/-minutten/-sekonnen ginn Nokommastellen uginn.
Et gëtt verschidde Methode vun Darstellungen, z.B.:
Nëmmen déi éischt Form ass an der Fluchnavigatioun an zënter laangem och an der Nautik gebräichlech.
Eng Bouminutt entsprécht laanscht dem Equator a laanscht de Meridianen enger Streck vun enger Séimeil oder 1852 Meter, während d’Streck vun der Bouminutt op de Breedekreeser φ (nërdlech oder südlech vum Equator) ëm de Faktor cosφ méi kleng ass.
Bei der Donneeën vu geographesche Koordinaten ass d’Breet ëmmer fir d’éischt unzeginn, dann eréischt d’Längt: „B virun L, wéi am Alphabet“. Hire Grond huet dës Konventioun an der Geschicht: d’Breet konnt schonns Joerhonnerte virun der Längt ziemlech exakt bestëmmt ginn.
D’Breet léisst sech zimlech einfach aus dem héchste Sonnestand (Mëttesbreet) oder aus der Héicht kulminéierender Stäre bestëmmen.
Op der Nordhallefkugel vun der Äerd gëtt d’Héicht vum relativ helle Polarstär (Polaris) iwwer dem Horizont zimlech genee de Breedegrad un: Um Equator erschéngt de Polarstär um Horizont, um Nordpol steet e souzesoen senkrecht um Himmel. Tatsächlech ass de Polaris knapp 1° vum Himmelspol ewech; de Feeler deen doduerch entsteet ass wéinst der Äerddréiung zweemol am Dag 0°, zweemol 1,5° a kann duerch einfach Formele verklengert ginn.
Schonns d’Séifuerer vum spéide 15. Joerhonnert hate verstanen d’Breet fir Navigatioun ze gebrauchen. D’Bestëmmung vun der geografescher Längt war dogéint méi komplizéiert an huet eng méi genee Koppelnavigatioun gefuerdert oder d’Miessung vun den Äerdmound-Stär-Distanzen. Zënter dem 18. Joerhonnert geschitt dat mat der geneeër Auerzäit vu Chronometeren, an zënter 1990 nach méi einfach mat GPS-Satellitenempfängeren.
stock | retire | vm
Why are we here?
All text is available under the terms of the GNU Free Documentation License
This page is cache of Wikipedia. History